Skip to main content

Eis Kollektioun u Produiten

Fënster

Fënster schaffen eng Verbindung tëscht dem Doheem an der Welt dobaussen a bilde gläichzäiteg eng Trennung zu ier. Si loossen dat waarmt Sonneliicht era mais loossen d'Wieder, d'Keelt an ongebiede Gëscht dobaussen - sou si jiddefalls eis Uspréch. Déi Uspréch sinn et och di eisen Aarbechtsalldag bestëmme bei Fenster Mersch

Dieren

Vill Faktore bestëmmen d’Ausgesi vun engem Haus, awer dee mat Ofstand wichtegsten ass d’Hausdier. Kee kënnt laanscht se, all Visiteur muss duerch se duerchgoen. Dofir ass et wichteg, d’Hausdier genee ze plangen, soll si sech dach engersäits harmonesch an d’Gesamtbild vum Gebai afügen, anerersäits awer och kloer vun den Elementer an hirer Ëmgéigend ofhiewen.

Sonneschutz

Exklusiv zu eise Fënsterproduite bidde mir Iech och héichwäerteg Sonneschutzsystemer vu WAREMA un. Wann Dir de Link hei ënnendrënner uklickt, fannt Dir vill verschidde Variatiounen a Méiglechkeeten.

Klapplueden

Fir d’individuell Verschéinerung vun Ärem Haus hu mir e grousse Choix u Klapplueden an de gängegen Holzzorten (Meranti, Eech asw.) an eisem Programm. Vun der traditioneller Briederlued mat opgesaten Z-Profiller bis hin zu Lamellelueden (Lamellen, déi aleien oder iwwerstinn evtl. kombinéiert mat profiléierte Massivfëllungen) ginn et fir all Gebai, ob Al- oder Neibau, déi passend Lueden.

Bréifkeschten an Accessoiren

Exklusiv zu eise Fënsterproduite bidde mir Iech och héichwäerteg Bréifkeschten vu SERAFINI un. Dës fun Hand gefärdegt Produiten bestin aus Wiederbestänegen Materialien wéi z.B.: Inox, Glas, Beton ... an sin an villen verschiddenen Faarwen ze kréien. Weider Info'en zu dësen Produite sin ennert der Rubrik "Dokumenter" ze fannen.