We love what we do. It’s our passion.
Hei d’Geschicht vun eiser Entreprise
-
1949
Iwwerhuele vun enger Schräinerei zu Bruechtebaach duerch de Grënner vun der Entreprise, Henri MERSCH -
1954
Bau vun engem neien Atelier zu Bruechtebaach. -
1965
Vergréisserung vum Atelier -
1976
Fondatioun vun enger neier Gesellschaft duerch den Henri MERSCH mat senge Jonge Pierre an Arsène. Bau vun engem neien Atelier mat Holzdepot op engem fir d’Entreprise méi gënschtege Site zu Bruechtebaach. Spezialiséierung op d’Fabrikatioun vun hëlze Fënsteren, Baussendiren a Klapplueden. -
1984
Iwwerhuele vum Betrib duerch de Pierre an Arsène MERSCH a Fondatioun vun der „Menuiserie MERSCH Frères S.e.n.c.“ Vergréisserung vun der Produktiounshal -
1991
Bau vun neie Bürosraim an Erweiderung vun der Produktiounsfläch op ca. 2000 m2 -
2000-2001
Ännerung vun der Gesellschaftsform an „FENSTER MERSCH S.A.“, grouss Ëmännerungen um Gebai an Investitiounen an d’Maschinnen, fir den heitegen Ufuerderungen am moderne Fënsterbau an den aktuellen Ëmweltbestëmmunge gerecht ze ginn. -
2002-2003
Aféierung vun enger computergesteierter Fënsterfabrikatiounsmaschinn an Ufank vun der interner Produktioun vun Holz-Alu-Fënsteren. -
2004
Stänneg Verbesserungen am technesche Beräich vun eiser Produktioun, fir dem Client ëmmer Fënsteren um leschte Stand vun der Technik ze garantéieren -
2005
Marc Mersch: Meeschterprüfung als Glaser a Fënsterbauer -
2008
Joé Mersch: Finanzen, Comptabilitéit an Administratioun. -
2009
Marc Mersch: Diplom als Energieberoder (Fachhéichschoul Karlsruhe). Erweiderung vum Fuerpark: e méi e schwéiere Camion mat engem mobille Kran (fir de Montage vun de Fënsteren). -
2012
Jérôme Mersch: Meeschterprüfung als Schräiner. -
2012-2013
Erweiderung vum Maschinnepark duerch eng CNC-Fräsmaschinn (speziell Commandë vu Fënsteren an Hausdieren) -
2015
Iwwerhuele vun der Entreprise Fenster Mersch s.a. duerch d’dräi Jonge vun den zwee Proprietairë vun der Entreprise. Bau vun engem neie Site.
Gutt virbereet...
Eis fachlech ausgebilt Meeschter an Techniker huelen sech di néideg Zäit, präzis Angeboter ze erstelle souwéi technesch Pläng an Zeechnunge virzebereeden, fir all Detail un der Fënster ze perfektionéieren - ee Virdeel géigeniwwer der Masseproduktioun. Ergänzt gëtt eis Handaarbecht duerch modernst Technik an digital Kommunikatioun, sou dat a Symbiose vu Mënsch an Technik eng Fënster entsteet di senges Gläiches sicht
Certficaten
Auszeechnung fir besonnesch gutt Restauratiounsaarbechten an ale Gebaier
Meeschterdiploom MERSCH Pierre
Meeschterdiploom MERSCH Arsène
Meeschterdiploom MERSCH Henri
Meeschterdiploom MERSCH Marc
Meeschterdiploom MERSCH Jerome